Den Tribunal vun der Europäescher Unioun besteet
aus zwee Riichter pro Memberstaat.
D'Riichter gi vun de Memberstaaten a
gemeinsamer Eenegung fir eng erneierbar Amtszäit
vu sechs Joer ernannt. Si erfëllen hir Aufgabe
mat kompletter Onparteilechkeet. Si wielen de
President an de Vizepresident aus hire Membere
fir eng Amtszäit vun dräi Joer, a si kënnen erëm
gewielt ginn.
Den Tribunal ass zoustänneg fir Kloen ze
behandelen an ze entscheeden, déi vu physeschen
a juristesche Persounen a Memberstaaten an
éischter Instanz agereecht ginn, besonnesch an
de follgende Beräicher: intellektuellt Eegentum,
Wirtschafts- a Geldpolitik, Konkurrenz,
restriktiv Moossnamen, Zougang zu Dokumenter,
Landwirtschaft, ëffentlech Uschafung a
Gesondheet. Entscheedunge vum Tribunal kënnen
innerhalb vun zwee Méint virum Geriichtshaff
ugegraff ginn duerch e Pourvoi, den op
Rechtsfroe limitéiert ass.
Den Tribunal ass och zoustänneg fir Virfroe vun
nationale Geriichten an de follgende spezifesche
Beräicher ze beäntwerten, déi him vum
Geriichtshaff zougewise goufen: TVA, Akzisen,
Zollcode, d'Zollklassifikatioun vu Wueren,
Entschiedegung an Hëllef fir Fluchpassagéier, an
d'System fir den Handel mat
Treibhausgasemissiounsrechter.